UGDASpezielle Flashmob "Faites de la musique"

RTL Lëtzebuerg
Am Kader vun der Fête de la Musique, déi normalerweis den 21. Juni zu Lëtzebuerg gefeiert gëtt, hat d'UGDA sech eppes Spezielles afale gelooss.

D’Union Grand-Duc Adolphe hat ënnert dem Motto “Fêtons – Faites de la musique” op e sougenannte Flashmob invitéiert.

D’Stéck “Beyond the Clouds” gouf e Sonndeg um 11h35 vum Romain Kerschen, dee Museksproff bei der UGDA ass, vun Hesper aus moderéiert an dirigéiert.

Via Livestream konnten d’Museksschüler matspillen a sollte sech wa méiglech dobäi filmen. Spéider goufen déi eenzel Videoen da fir de Flashmob zesummegesat.

PDF: UGDA Fêtons-Faites de la musique

Back to Top
CIM LOGO