Posthum Éier fir de Queen-SängerStatue vum Freddie Mercury a Südkorea ageweit

RTL Lëtzebuerg
Op der südkoreanescher Insel Jeju ass eng Bronzestatue vum verstuerwene Queen-Sänger Freddie Mercury presentéiert ginn.
© AFP/ANTHONY WALLACE

Datt de Freddie Mercury och knapp 31 Joer no sengem Dout nach ëmmer populär ass, beweist d’Tatsaach, datt op engem Bierg op der südkoreanescher Insel Jeju elo eng liewensgrouss Bronzestatue vun him ageweit gouf. Dat 177 Zentimeter héicht Konschtwierk weist de brittesche Sänger, wéi en déi riets Fauscht an d’Luucht streckt.

D’Membere vun zwee Fanclubben hunn aacht Joer un der Realiséierung vum Projet geschafft. Déi Responsabel hunn erkläert, datt de Brian May, Gittarist vu Queen, an de Manager vun der Band am Kader vun engem Concert, dee Queen 2020 a Südkorea gespillt huet, gréng Luucht fir d’Statue ginn hätten.

Et ass weltwäit eréischt déi zweet offiziell unerkannte Statue vum Freddie Mercury, déi aner steet zu Montreux an der Schwäiz, wou de Mercury jorelaang gewunnt an eng Partie Albumen opgeholl huet.

Back to Top
CIM LOGO