FOTOENSteampunk Convention: Eng Rees an d'Zäit vun der industrieller Revolutioun

RTL Lëtzebuerg
Déi 9. Editioun vun der Steampunk Convention ass dëse Weekend um Fond-de-Gras an déi flott an impressionnant Kostümer si wéi ëmmer eng kleng Sensatioun.
© Romain Van Dyck / RTL 5min

Extravagant Kostümer, vill Animatioun an technologesch Kreatioune maachen de Succès vun dësem Rendez-vous aus, deen zanter 2011 am Fond-de-Gras organiséiert gëtt.

Steampunks nennt een déi Leit, déi sech vun den industrielle Revolutiounen inspiréieren. Si kommen aus ganz Europa fir hir Kultur mat de Lëtzebuerger ze deelen a sech vun de Visiteure bewonneren ze loossen.

Steampunk Convention
Déi 9. Editioun vun der Steampunk Convention ass dëse Weekend um Fond-de-Gras an déi flott an impressionnant Kostümer si wéi ëmmer eng kleng Sensatioun.

Den Organisateur, de Minett Park Fond-de-Gras, huet e ganze Programm fir Grouss a Kleng op d’Been gesat mat Stroossekonscht, Marionettentheater, Illusionismus, Dréiuergelspill a vill aner flott Presentatiounen.

Op engem groussen, viktorianesche Maart mat iwwer 50 Stänn fannen d’Visiteuren donieft och Kleeder, Accessoiren, Zeechnungen, Bijouen, Dekoratioune a Steampunk-Sammlerstécker.

Fir traditionell Verfleegung, mat Flammkuchen, vegetaresch, Crêperie, Bäckerei, Cocktail-Bar an engem Béierstand, op deem 17 Zorten ugebuede ginn.

D’Entrée um Site ass gratis.

Wéi kënnt een um Fond-de-Gras?

Et ginn zwou Méiglechkeeten: mam "Train 1900" vu Péiteng aus oder mam Bus vu Nidderkuer, Déifferdeng a Lamadelaine aus. D’Minièresbunn wäert déi zwee Deeg och fueren, mä net bis op Lasauvage.

Hei fannt dir d'Horaire vun den Zich:

Samschdeg:

Train 1900: vu Péiteng aus um 11.00, 12.10, 13.15, 14.15, 15.15, 16.15, 17.15, 17.52, 18.35 an 1910 Auer.

Minièresbunn: vum Fond-de-Gras aus um 14.00, 15.00, 16.00 a 17.00 Auer.

Sonndeg:

Train 1900: vu Péiteng aus um 11.00, 12.00, 12.45, 13.30, 14.15, 15.00, 15.45, 16.30, 17.15, 18.00, 18.45 an 19.25 Auer.

Minièresbunn: vum Fond-de-Gras aus um 11.00, 12.00, 14.00, 15.00, 16.00 a 17.00 Auer.

Méi Informatiounen um Site www.anno1900.lu

Back to Top
CIM LOGO