"De Mains de Maîtres"Stefania Atanasiu an Didac Zerrouk goufe fir hir Wierker ausgezeechent

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch den Owend war d'Präisiwwerreechung vun der drëtter Editioun vun "De Mains de Maîtres".
Präisiwwerreechung "De Mains de Maîtres"
E Mëttwoch den Owend war d’Präisiwwerreechung vun der drëtter Editioun vun “De Mains de Maîtres”.

De Publikumspräis, fir deen ee konnt iwwer eise Site ofstëmmen, ass un d’Broderieskënschtlerin Stefania Atanasiu gaangen. Déi gebierteg Rumänin hat zwee Hiemer mat Referenzen zur Lëtzebuerger Geschicht brodéiert an hat och eent dovunner fir d’Zeremonie e Mëttwoch gëschter Owend un.

Den zweete Präis vum Owend gouf vun der Jury bestëmmt an ass un de 27 Joer ale Luthier Didac Zerrouk gaangen, deen zu Veianen Instrumenter baut a reparéiert. D’Decisioun wier heibäi unanime gewiescht.

“Les critères traditionnels, c’est le savoir-faire, exception, esthétique biensûr et cela peut aussi être l’innovation. Dans le cas présent, c’est vrai qu’on voulait ouvrir un peu sur d’autres territoires que les années précedentes. Je ne parle pas seulement de la matière mais aussi d’aller peut-être vers quelque chose de fonctionnel ce qui fait aussi partie de l’artisanat, donc c’est vrai que cela a aussi compté dans notre décision”, sou de Commissaire vun der Biennale, de Jean-Marc Dimanche.

16/12/2021 D’Präisiwwerreechung vun “De Mains de Maîtres”

Déi nächst Biennale ass dann erëm an zwee Joer.

Back to Top
CIM LOGO