
Och dëst Joer kënnt Dir erëm entscheeden, wéi ee Chrëschtdagslidd fir d'éischt um Radio lafe soll.
Den 29. November ass den 1. Advent an dowéinst verwandelt sech d'RTL Hitmaschinn an d'RTL Chrëschtdagsmaschinn. Wärend de véier Adventssonndeger kritt Dir tëscht 9:00 an 11:00 Auer déi schéinst Chrëschtdagslidder gespillt an Dir hutt et Hand, mat wéi engem Lidd et den 29. November um 9:00 Auer, direkt no den Neiegkeeten, lassgeet.
No Last Christmas vu Wham braucht Dir dëst Joer net ze sichen. Nodeems de Chrëschtdagsklassiker déi lescht 3 Joer dës Competitioun gewonnen huet, ass et dës Kéier un engem aneren, fir dat éischt Lidd fir Chrëschtdag um Radio ze ginn. Wat awer net heesche wëll, datt Dir Last Christmas dëst Joer guer net um Radio héiert.
Vun elo u kënnt Dir ee Mol pro Stonn bis e Freideg, de 27. November mëttes um 12 Auer fir Äre Favorit ofstëmmen. Dat Lidd, wat deen Ament déi meeschte Stëmmen huet, ass dann och dee Song, mat deem mir déi musikalesch Chrëschtzäit um Radio alaude wäerten.