
“Et ass traureg ze héieren, dass de Steve Bronski gestuerwen ass. Hie war en talentéierten a ganz melodiöse Mann”, esou de Sommerville.
Hiren Debut “Smalltown Boy” huet Bronski Beat 1983 vun engem Dag op den anere berüümt gemaach. Nieft dem Steve Bronski, dee mat richtegem Numm Steven William Forrest heescht, waren nach den Jimmy Somerville an de Larry Steinbachek mat an der Band. Si allen dräi stoungen ëffentlech dozou, homosexuell ze sinn.
Am Lidd “Smalltown Boy” geet et ëm e jonke schwule Mann, deen aus Angscht virun Homophobie vun doheem fortleeft.
Och déi zweet Hitsingle “Why” behandelt d’Thema Homophobie.
De Steve Bronski an den Jimmy Somerville si vu Glasgow, wou si sech Ufank den 1980er Joren eng Wunneng mam Larry Steinbachek gedeelt hunn. De Steinbachek ass schonn 2016 u Kriibs gestuerwen.
Iwwert d’Doudesursaach beim Bronski ass nach näischt gewosst.