Groussen Theater"Süden" vum Julien Green

RTL Lëtzebuerg
Dem Julien Green säi Stéck vun 1953 war deemools zu Lëtzebuerg an an aneren europäesche Länner vebueden.

D’Stéck vum gebiertegen US-Amerikaner Julien Green, deen a Frankräich gelieft huet a Member vun der Académie Française war, spillt kuerz virum Ausbroch vum amerikanesche Biergerkrich, bei deem sech Südstaaten an Nordstaate bekricht hunn an och d’Thema Ofschafung vun der Sklaverei eng bedeitend Roll gespillt huet.

Op der Bün begéint ee vrun allem jonk Mënschen, déi an hire Gefillswelten hin- an hiergerappt sinn a mat der Sich no der eegener Identitéit, Schold a Sexualitéit deels iwwerfuerdert sinn. E Stéck, dat awer och haut nach seng Aktualitéit huet.

"Süden" De Luc Schiltz iwwer d'Aktualitéit vum Stéck haut
Interview
Cornelius Schwalm iwwer d'Thema vu "Süden"
Cornelius Schwalm

D’Stéck ass iwwregens bei senger Creatioun 1953 zu Lëtzebuerg an an aneren europäesche Länner verbuede gewiescht, aus Angscht et géif géint d’moralesch Wäerter vun deemools verstoussen.

Zeen aus "Süden" mat Luc Schiltz an Cornelius Schwalm
Extrait

Den Thierry Mousset huet fir seng éischt grouss Inszenéierung zu Lëtzebuerg éischtklasseg Schauspiller besat: nieft Luc Schiltz, Catherine Janke an Denis Jousselin, si gläich véier däitsch Theateracteuren am Groussen Theater ze gesinn, déi een och deelweis vun der Tele kennt: Andreas Lust, Meike Droste, Cornelius Schwalm an Anna Grisebach.

“Süden” am Groussen Theater

Gespillt gëtt nach den 24. a 25. Januar 2020 am Studio vum Groussen Theater

No Lëtzebuerg geet d’Produktioun op Tournee an Däitschland: Mainz, Saarbrécken, Berlin.

“Süden” am Groussen Theater

Back to Top
CIM LOGO