Musek Made HeiheemT The Boss feat. Shiga - Keng Zäit

RTL Lëtzebuerg
Positiv Summervibes vum Lëtzebuerger Rapper T The Boss. Et muss eben net ëmmer Gangsta sinn.

Den Album Ëmmer nach ech mat ënner anerem der Single E bësse Léift huet ewell 3 Joer um Bockel.

D’lescht Joer gouf et mat Kämpf e Lidd iwwer Suicide. Mat Keng Zäit mellt sech den T The Boss dann elo fir d'2. dëst Joer, virun engem décke Mount hat de Rapper Näischt ass onméiglech released. Eng Summer-Nummer ass et dës Kéier, mat e bëssen Dancehall an nëmme positive Vibes. Abee de Summer ka kommen. Peace

Back to Top
CIM LOGO