An hirem neie Film TEENAGE SEX AND DEATH AT CAMP MIASMA interpretéiert si eng Schauspillerin, déi ni iwwert hir éischte Roll erauskoum.
D’Kris Williams, eng Jonk Realisatrice, déi grad en éischte grousse Succès konnt feieren, soll d’Actrice Billy Presley dovunner iwwerzeegen an engem Reboot vun dem Horrorfilm matzespillen, dee si an den 80er Jore bekannt gemaach hat. Dat mysteriéist Billy lieft zeréckgezunn ausgerechent op där Plaz, wou deemools gefilmt gouf. Aus den Diskussiounen iwwert eng eventuell Zesummenaarbecht entsteet schnell eng intensiv Relatioun, an där déi jonk Cineastin vill iwwert sech an hir Sexualitéit erausfënnt.
Mat TEENAGE SEX AND DEATH AT CAMP MIASMA geléngt der Jane Schoenbrun eng intelligent Mëschung aus Slasher, Romanz, a psychologeschem Drama. Am Kontext vun engem kriteschen Hommage un d’Filmkonscht setzt si sech mam Sujet vun der sexueller Identitéit auserneen a ka sech dobäi ganz op den Duo Gillian Anderson an Hannah Einbinder verloossen.