
De Lëtzebuerger Regisseur a Museker Fränz Hausemer krut e Samschdeg zu Saarbrécken op der 47. Editioun vum Max-Ophüls-Festival de “Präis vun der Kritik - beschten Documentaire” fir säi Film “Terre rouge - Topographie du poète”.
De Film spillt zu Esch an erzielt d’Geschicht vum antëscht verstuerwene Philosprof an Dichter Gaston Rollinger, an dat virum Hannergrond vum allgemengen Transformatiounsprozess vun der Stolindustrie am Minett. D’Jury vum Max-Ophüls-Festival wierdegt den Documentaire als “filmescht Denkmal iwwer Vergänglechkeet a Liewenskonscht, dat déif beréiert”.
Den Haaptpräis, dee mat 36.000 Euro dotéiert ass, goung un den däitsche Film “Gropiusstad Supernova” vum Ben Voit.