Serie iwwer SerienThe Beast In Me op Netflix

Shari Schenten
De Streaming-Hit mam Claire Danes an de Matthew Rhys.
© 20th Television, Conaco, Rotterworks, Teakwood Lane Productions, Telemachus Productions

The Beast in me

De psychologesche Thriller The beast in me op Netflix hat mat 45 Millioune gestreamte Stonnen an der éischter Woch e fulminante Start higeluecht. E groussen Undeel dorun hunn natierlech och d’Haaptschauspiller, d’Homeland-Ikon Claire Danes an de Matthew Rhys, deen d’Serië-Fans ënnert anerem aus The Americans kennen.

D’Claire Danes spillt d’Aggie, eng traumatiséiert Schrëftstellerin, déi duerch den Doud vun hirem Jong eng Schreifblockad kritt huet. Wéi hiren neien Noper sech als den Immobiliemogul Nile Jarvis entpuppt, deen ënner Verdacht steet, seng Fra ëmbruecht ze hunn, kritt si eng Iddi.

D’Aggie wëll e Buch iwwert hiren Noper schreiwen an doraus entwéckelt sech déi speziell Dynamik tëscht den zwou Haaptfiguren, déi d’Stäerkt vun der Serie ausmécht. Et ass e klassescht Kaz a Maus-Spill, an deem d’Spannung doraus entsteet, datt se sech allen zwee géigesäiteg manipuléieren, a si schwanken tëscht Vertrauen a Verdacht, Sympathie a sech ofstoussend fannen - wat fir den Zuschauer interessant ass.

E klenge Kritikpunkt ass, datt et deelweis ze vill Niewenhandlungen gëtt, déi d’Serie onnéideg iwwerfëllen an déi deelweis net gutt opgeléist ginn.

Mä virun allem enttäuscht de Schluss, deen ze vill previsibel a banal ass.

Vläicht gefält iech de Schluss awer. The Beast in me kann een op Netflix streamen. Vill Spaass beim Kucken.

Back to Top
CIM LOGO