
D'Satir iwwert déi brittesch Kinnigin Anne krut e Samschdeg den Owend zu Berlin am ganzen 8 Präisser. Dorënner dee fir de beschte Film, bescht Regie a bescht Schauspillerin fir d'Olivia Colman.
De Präis fir de beschte Schauspiller war fir de Spuenier Antonio Banderas am Film "Dolor y gloria" vum Pedro Almodóvar.

Déi Lëtzebuerger Coproduktioun "Tel Aviv on Fire" (Samsa) war nominéiert an der Kategorie "bescht Komedie", huet awer géint "The Favourite" de Kierzere gezunn.
D'nächst Joer ass d'Präisiwwerreechung vum Europäesche Filmpräis zu Reykjavik an Island.
Déi komplett Lëscht vun de Gewënner vun de eEuropean Film Awards 2019.