De Kinotipp"The French Dispatch" vum Wes Anderson

RTL Lëtzebuerg
E Film vum Realisateur Wes Anderson erkennt een op den 1. Bléck. De Loïc Tanson werft am Kinotipp e Bléck op säin neiste Worf.
De Kinotipp: The French Dispatch
The “French Dispatch” erzielt eng Rei skurril kuerz Geschichten, déi vu verschiddene Journaliste fir déi lescht Editioun vun enger Zeitung geschriwwe gouf...

Mat sengem ganz eenzegaartege Stil huet hien an de leschte 25 Joer 9 ganz verschidde Filmer realiséiert. “The French Dispatch” deen zënter e Mëttwoch an de Kinoe leeft, ass do keng Ausnam.

The “French Dispatch” erzielt eng Rei skurril kuerz Geschichten, déi vu verschiddene Journaliste fir déi lescht Editioun vun enger Zeitung geschriwwe gouf, där hiren Editeur grad gestuerwen ass.

De Wes Anderson ass en amerikanesche Realisateur mat engem ganz originelle visuelle Stil, deen hien a Filmer wéi “The Royal Tenenbaums” oder “The Grand Budapest Hotel” mat de Jore verfeinert huet a wou ëmmer eng Abberzuel vun Hollywood Stare matwierken. Extrem symmetresch a frontal Kameraastellung ginn hei Hand an Hand mat enger gudder Portioun Nostalgie an Ironie.

© The French Dispatch / RTL-Archiv

D’Iddi hannert “The French Dispatch” ass déi e Film op déi nämmlecht Manéier ze konzipéieren, wéi een eng Zeitung géing editéieren, mat senge verschiddene Stiler, Geschichten an Emotiounen. De Wes Anderson war bis ewell ni e Realisateur gewiescht, dee sech a pathetesche Gefiller verluer huet, ma seng Filmographie charakteriséiert sech virun allem duerch eng gewëssen Nostalgie, déi de Spectateur net ganz kal léisst. Wa seng Ästhetik an dësem Potpourri vun extrem originelle Geschichte sécherlech en Héichpunkt a senger Karriär erreecht, sou bléift d’Emotioun awer Deels op der Stréck, well ee sech knapp un e Personnage gewinnt huet, da gëtt déi filmographesch Säit vun der Zeitung ëmgedréit an eng nei Geschicht geet un.

Witzeg ass “The French Dispatch” awer allemol. Absurd an total assuméiert, sou ass dëse Patchwork wuel en Hommage un déi franséisch Filmgeschicht genee wéi un eng ganz Réi u renomméierte Schrëftsteller, déi fir d’Zeitung “The New Yorker” geschriwwen hunn. Langweil kënnt hei ni op, an och wann de Wes Anderson sech net nei erfënnt, sou ass “The French Dispatch” awer e grandiosen a ganz eenzegaartege filmeschen Objet.

Back to Top
CIM LOGO