De Kinotipp"The Living Witnesses"

Joy Hoffmann
Am Dokumentarfilm stelle sech d'Realisateure Karolina Markiewicz a Pascal Piron d'Fro, wéi ee kann d'Erënnerung un den Holocaust oprechterhalen.
De Kinotipp: "The Living Witnesses"
Am Dokumentarfilm stelle sech d’Realisateure Karolina Markiewicz a Pascal Piron d’Fro, wéi ee kann d’Erënnerung un den Holocaust oprechterhalen.

A besonnesch, wéi Jugendlecher léiere kéinten, duerch e Bléck an d’Geschicht, sech och haut par rapport zu Persecutioun an Ausgrenzung ze positionéieren.

“The Living Witnesses” suivéiert 3 Lëtzebuerger Jugendlecher, déi dem Schicksal vun de Lëtzebuerger deportéierte Judden op enger Rees vun Auschwitz iwwer Lodz bis op d’Holocaust-Denkmal zu Berlin noginn. Och si hunn allen dräi ënner Exklusioun a Persecutioun gelidden. Den Dean setzt sech vir d’LCGBT-Communautéit an, d’Christina an d’Marie sinn aus de Krichsgebitter Syrien, respektiv Elfenbeinküst op Lëtzebuerg geflücht.

D’Konzept fir betraffe Jugendlecher haut, op Schicksaler aus der Geschicht vun deemools reagéieren ze loossen, ass wuel um Ufank interessant a fonctionéiert och an enger excellenter Episod, wou hinnen de ganzen Haass vun ultranationalistesche Manifestanten zu Warschau entgéint schléit. Soss bleift dat Ganzt awer éischter iwwerflächlech a staark pedagogesch orientéiert. Et gëtt een net genuch iwwert d’Schicksaler vun den 3 Jugendlecher gewuer an hir Froe wierken och wéineg spontan.

Déi excellent geféiert Kamera vum Amandine Klee fänkt dann och soss kaum besonnesch Emotiounen an héchstens Interessi fir den Holocaust. Esou suivéiere mer de Film e bësse wéi Touristen, déi vun engem Denkmal oder Musée bei deen anere pilgeren. An Zäiten, wou mer schéngen wéineg aus der Geschicht geléiert ze hunn an Antisemitismus a Rietsextremismus weider staark present sinn, ass allerdéngs esou eng Erënnerungskur net vu Muttwëll, an de Film verdéngt dann och d’Predikat “besonders wertvoll”.

Back to Top
CIM LOGO