Théâtre NationalTheater an der Chamber an op der Lonkecherstrooss

RTL Lëtzebuerg
D'Theaterhaiser preparéiere sech op déi nei Saison, en Dënschdeg huet den Théâtre National de Programm virgestallt.
De Frank Hoffmann huet déi nei Saison presentéiert.
De Frank Hoffmann huet déi nei Saison presentéiert.

Et gëtt vill Neits beim TNL: Nei Programm-Elementer, eng nei Tribün, en neien Internet-Site an nei Mataarbechter, den Direkter ass awer zënter der Grënnung 1996 nach ëmmer dee selwechten. De Frank Hoffmann, deen iwwer Joren och den Intendant vun de Festspiele Recklinghausen war, freet sech, datt hie sech elo nees intensiv ëm d’Theaterhaus op der Longkecher Strooss këmmeren an ëm d’Inzeenéierungen, déi e selwer nach ëmmer mat Begeeschterung mécht.

De Frank Hoffmann huet déi nei Saison presentéiert.
De Frank Hoffmann huet déi nei Saison presentéiert.

Fir d’Saison 2019-2020 bleift den TNL awer e puer gudde Gewunnechten trei. Sou steet d’Saison nees ënnert engem Thema: “Theater, das entfesselte Gefängnis”. Et géing ëm de Prisong goen an deem mir an eis Gesellschaft vun haut sëtzen, och wa mer mengen, mir hätten esou vill Fräiheete wéi nach ni.

De Michel Clees ass Auteur en Résidence
De Michel Clees ass Auteur en Résidence
© Agence Binsfeld

Déi aner Traditioun vum TNL ass et en Auteur a Résidence ze hunn, dat ass dës Kéier de Michel Clees, dee mat “Parterre” an “Captcha” zwee Stécker geschriwwen huet.

© TNL

9 Kreatioune am Beräich Theater, Musek, Danz sinn dann och an der neier Saison z’entdecken, a franséischer, däitscher, englescher a lëtzebuergescher Sprooch, vun engem neie Rewenig-Stéck “Nom Iesse gi mer an den Hobbykeller” bis bei de Kafka-Klassiker “Die Verwandlung”.

Den däitschen Auteur Uwe Bohm spillt de Gregor Samsa
Den däitschen Auteur Uwe Bohm spillt de Gregor Samsa
© Agentur Reimann

Nieft dem Haaptsall mat neie Sëtzer, ginn et och eng Rei méi speziell Spektakelen an der Bar. Déi éischt Produktioun vun der Saison gëtt esouguer ausgesourced op de Krautmaart an an d’Zäit vun 1919, wou Lëtzebuerg dat allgemengt Walrecht krut. Fir “Theater an der Chamber” gëtt de Chamberplenum den 28. September dann och an en Theatersall ëmfunktionéiert.

Den neien Internetsite vum TNL

De Programm vun der Saison 2019-2020 am TNL

Back to Top
CIM LOGO