Kultur Last MinuteTheater - Liesungen - Danz

RTL Lëtzebuerg
"Le testament de Marie" am TNL, "Lärm" am IPW, Lesebühne am Rocas an "Dreamer" am Neimënster.
© Bohumil Kostohryz

“Le testament de Marie” 11.- 17. Dezember am TNL

En arrivant à Cana peu avant les noces, j’ai compris, ou presque compris, que j’étais venue en vain. On ne parlait que de lui.

D’Stéck vum ireschen Auteur Colm Tóibín léisst d’Maria un Enn vun hirem Liewen vun hirem Fils erzielen, sou wéi si e gesinn huet, sou wéi si en an Erënnerung huet. SI wiert sech dobäi géint d’Bild an de Mythos, dat déi fréier Frënn vun hirem Fils ronderëm hien opbauen.

“Le testament de Marie” ass den zweete Monolog, no “Lenz” mam Luc Feit, deen de Frank Feitler fir d’Bün vum TNL inszenéiert. D’Valérie Bodson ass hei an der Roll vu Maria ze gesinn.

© Bohumil Kostohryz

D’Première ass den 11. Dezember, weider Virstellunge ginn et den 12. 12. um 17 Auer an den 15., 16. a 17. Dezember all Kéier um 20 Auer.

Le testament de Marie

“Lärm” Buch-Presentatioun vum Guy Helminger 14. Dezember am IPW

Wo ist Konrad Schnittweg? Ist Enrique Herbst ein Maulwurf? Chile, Kongo, Brokdorf. Erinnert sich einer?

Dës an nach aner Froen wäert de Schrëftseller Guy Helminger am Gesprécih mat der Directrice vum CNL Nathalie Jacoby beäntweren. Rieds geet vum neie Roman “Lärm” vum Guy Helminger. Doranner geet et ëm d’Verschwanne vun engem Mann “ein faszinierendes, vielstimmiges Verwirrspiel rund um politische Verantwortung und Verantwortungslosigkeit, um Freundschaft und Verrat sowie die Suche nach einer Wahrheit ...

D’Offiziell Virstellung ass en Dënschdeg 14ten Dezember um 19h00 am Institut Pierre Werner.
Den Entrée ass fräi. Et soll ee sech umellen.

Lesebühne 15. Dezember am Café Rocas

D’ Lesebühne Luxemburg fänkt erëm un, op där Plaz wou alles ugefaangen huet: am Café Rocas 33, rue des Capucins an der Stad.
Et liesen: Luc Caregari, Francis Kirps an nei derbäi d’Maya Likembe (Mary-Ann Meiers) Singer-songwriterin a Komponistin an den jonken Auteur a Poetry-Slammer Cosimo Suglia.

Ufank 19h30. Den Entrée kascht 5€. Umeldungen franciskirps@gmail.com

De Francis Kirps
De Francis Kirps

Lesebühne

“Dreamer” vum Anne-Mareike Hess an der Abtei Neimënster

An hirem neie Solo-Programm “Dreamer” probéiert d’Dänzerin Anne-Mareike Hess d’Grenzen tëscht dem Realem an dem Imaginärem, tëscht dem Erlieften an der Fanatasie. Et ass eng sënnlech Duerstellung vun der Weiblechkeet an eng transparent Fläch fir d’Projektioune vu baussen.

No “Warrior” (2018) ass et dat zweet Stéck vun der Choreografin mat deem se probéiert als FRa géint d’Stereotypen ze kämpfen.

D’Première ass de 17. Dezember am Sall Robert Krieps am Neimënster. Weider Virstellunge sinn den 18. an 19. Dezember

“Dreamer”

Back to Top
CIM LOGO