Eng kleng, op den éischte Bléck onscheinbar Camionnette, déi ganz lues duerch d’Strooss fiert.
An der Camionnette sëtze Leit an hunn e grousse schwaarze Brëll op. Et ass e Virtual-Reality-Brëll, mat deem si 150 Joer zréck an d’Vergaangenheet reese kënnen.
Mir ware bei enger vun den Zäitreesen dobäi a konnte staunen, wéi verschidde Plazen an der Stad fréier ausgesinn hunn.