No Schlag um FluchhafenUS-Rapper Juice Wrld am Alter vun 21 Joer gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
De bekannten US-Rapper Juice Wrld ass e Sonndeg de Moien iwwerraschend am Alter vun nëmmen 21 Joer gestuerwen.
© AFP

US-Medien no soll de Rapper Juice Wrld, dee mat richtegem Numm Jarad Anthony Higgins heescht, um Fluchhafen zu Chicago e Schlag gehat hunn. Wéi d’Rettungsekippen op d’Plaz komm sinn, war hien nach uspriechbar. An der Klinik konnt dunn awer nëmmen nach säin Doud festgestallt ginn.

U wat de Rapper genee gestuerwen ass, ass bis ewell nach net gewosst.

Den 21 Joer ale Museker, dee mam Lidd “Lucid Dreams” een Hit hat an ënnert anerem mam Travis Scott an dem Nicki Minaj zesumme geschafft huet, hat eréischt virun e puer Deeg seng 21 Joer gefeiert.

Back to Top
CIM LOGO