RIPUS-Regisseur Stanley Donen am Alter vu 94 Joer gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
Ënner anerem ass hie bekannt wéinst dem Fimmusical "Singin' in the Rain".

Den US Regisseur Stanley Donen ass dout. De Regisseur a Choreograph war bekannt fir seng Filmmusicals "Singin' in the Rain" a "Funny Face". Wéi seng Famill um Sonndeg matgedeelt huet, ass hie schonn en Donneschdeg am Alter vu 94 zu New York gestuerwen.

De Stanley Donen war de leschte Vertrieder vun der gëllener Ära vun Hollywood. An den 40er a 50er Joren huet hie mat Staren wéi dem Cary Grant oder dem Audrey Hepburn geschafft. 1998 krut hien en Oscar fir säi Liewenswierk.

© AFP (Archiv)

Back to Top
CIM LOGO