
De Star aus der 90er Joren-Serie “Full House” ass un de Suitte vun engem “Kapptrauma” gestuerwen. De Bob Saget hätt sech “net express um Kapp gestouss, hätt sech näischt dobäi geduecht an hätt sech schlofe geluecht”, heescht et an engem Schreiwes vun den Autoritéiten. Alkohol oder Droge wieren net am Spill gewiescht.
De Bob Saget war den 9. Januar dout a senger Kummer am Ritz-Carlton-Hotel zu Orlando fonnt ginn. De 65 Joer ale Schauspiller war dee Moment op enger Bünen-Tournée, an nach kuerz viru sengem Doud an der Stad Jacksonville opgetrueden.
Um Begriefnes zu Los Angeles waren nieft senger Fra a senger dräi erwuessen Duechteren, och Frënn a Kolleege wéi seng “Full-House Famill” den John Stamos, d’Candace Cameron Bure, d’Mary-Kate an Ashley Olsen, grad ewéi d’Jodie Sweetin.
RTL News: RIP - Den US-Komiker a Schauspiller Bob Saget ass dout