D'Vicky Krieps, Lëtzebuerger Actrice, ass den Ament eng vun de beschten Televisioun-Schauspillerinnen an Däitschland. Si gouf en Donneschdeg den Owend zu Düsseldorf mam Däitsche Fernsehpreis ausgezeechent. D'Vicky Krieps krut de Präis fir hir Prestatioun an der neier Adaptatioun vum Klassiker "Das Boot".
De Film war mat am ganzen 9 Nominatiounen an d'Course gaangen, krut um Enn awer just zwou Auszeechnungen. Nieft dem Präis fir déi bescht Schauspillerin huet "Das Boot" nach an der Kategorie "Bescht Kamera" gewonnen.
D'Serie "Bad Banks", d'Lëtzebuerger Koproduktioun (Iris Productions zesumme mat Letterbox, ZDF an Arte), an där ë.a. d'Désirée Nosbusch matspillt, war 6 mol nominéiert, krut um Enn awer och just zwee Präisser, fir déi bescht Regie (Christian Schwochow) an an der Kategorie "Bescht Drama-Serie". D'Désirée Nosbusch war och nominéiert.
Nieft der Vicky Krieps gouf den Albrecht Schuch als beschte männlechen Acteur ausgezeechent, an zwar an direkt 3 Rollen. Den däitsche Schauspiller hat an de Filmer "Der Polizist und das Mädchen", "Gladbeck" a "Kruso" matgespillt. D'Serie "Gladbeck" iwwert d'Geiseldrama am Joer 1988 huet en Donneschdeg den Owend am beschten ofgeschnidden. Nieft der Kategorie vum beschte Schauspiller huet de Film ënnert anerem och an der Kategorie "Bescht Serie" gewonnen.
