Alles Guddes!"Vida Loca"-Star Ricky Martin feiert ronne Gebuertsdag

RTL Lëtzebuerg
Den Enrique José Martin Morales, bekannt ënnert dem Kënschtlernumm "Ricky Martin", koum virun engem hallwe Joerhonnert op d'Welt.
© AFP-Archiv

Seng musikalesch Karriär huet 1984 mat der Latino-Boyband Menudo ugefaangen. Mat där ass en op Tour gaangen, krut privat Gesangscoursen, hat es 1989 dunn awer nees genuch an ass op Puerto Rico an de Lycée gewiesselt. Nom Ofschloss ass hien op New York geplënnert. Vun do aus goung et an Direktioun Mexiko-City. Nieft diverse Rollen op der Tëlee war et fir de Ricky Martin d’Haaptroll an engem Musical. D’Joer drop huet hien e Plackekontrakt bei Sony Music ënnerschriwwen. A Mexiko huet en dunn och säi fréiere Bandkolleeg Robi Rosa getraff, mat deem hien zanterhier zesumme geschafft huet. Zesummen hu si den éischten Album geschriwwe mam Numm “Ricky Martin”, deen 1991 erauskoum an ee grousse Succès an de latäinamerikaneschen Charts gouf. Zwee Joer drop hat säin Album “Me Amarás” nach méi Succès. De Ricky Martin war vun do un e Superstar a Latäinamerika.

1994 huet et hien op Los Angeles gezunn, wou hien d’Roll vum Barkeeper an der Serie “General Hospital” gespillt huet. Parallel huet hien u sengem drëtten Album geschafft, “A Medio Vivir”. A senger Roll an “General Hospital” konnt hien, wéi et schéngt, iwwerzeegen, well hie krut eng Roll am Musical “Les Misérables”.

Weltwäit bekannt gouf de Ricky Martin duerch säi véierten Album “Vuelve” an do méi speziell duerch den Titel “La Copa de la Vida.” Dat war nämlech d’Lidd fir d’Futtball-WM 1998.

Um 5. Album war dunn “Livin’ La Vida Loca” drop, spéitstens do war den Numm “Ricky Martin” op der ganzer Welt e Begrëff.

Kee Wonner, dass op sengem sechsten Album “Sound Loaded” Stare wéi d’Christina Aguilera wollte mat him zesumme schaffen. Bis haut huet de Ricky Martin 55 Milliounen Alben an 8 Millioune Singles verkaf.

Privat engagéiert hie sech zanter ville Jore fir karitativ Zwecker. 2008 ass hie mat Hëllef vun enger “Leihmutter” Papp vun Zwillinge ginn. Seng Homosexualitéit, sot de Ricky Martin selwer, hätt hie laang selwer misse verstoppen, well hie keng weiblech Fans sollt verléieren. Hien ass 2018 eng zweet Kéier bestuet ginn a feiert de 24. Dezember, also op Hellegowend, 50 Joer.

Back to Top
CIM LOGO