20. Editioun vu "Konscht am Gronn"Vill lass ronderëm d'Uelzecht an op der Bréck

Christophe Hochard
All éischte Sonndeg am Mount heescht et "Konscht am Gronn", dat vu moies 10 bis owes 18 Auer an dat bis an den Oktober eran.

Zanter 2006 gëtt dëst Event an der Stad Lëtzebuerg organiséiert. Op der Bréck am Gronn stellen d’Kënschtler hir Zelter op a presentéieren dei verschiddenst Konschtstécker. Vu Molereien, Skulpturen, bis Fotoen a villes méi.

20. Editioun "Konscht am Gronn": Vill lass ronderëm d'Uelzecht an op der Bréck
All éischte Sonndeg am Mount heescht et “Konscht am Gronn”, dat vu moies 10 bis owes 18 Auer an dat bis an den Oktober eran.

Eng 20 verschidden Artiste stellen hir Wierker aus. Op dësen Deeg vun der “Konscht am Gronn” bitt de Naturmusée och gratis Entrée un. Vu nomëttes 14 Auer u ginn de Visiteuren och gratis Concerten offréiert.

Méi Informatioune fannt Dir um offiziellen Internetsite.

Back to Top
CIM LOGO