Am Virtual Reality Pavillon, dee vum Lëtzebuerger Filmfong a Kooperatioun mam PHI Center vu Montréal organiséiert ass, kritt een en Abléck a ganzer 17 interaktiv Kreatiounen, déi Film, Experienzen an déi aktuellsten Technologië matenee verbannen. D’Sandy Elsen war um Vernissage dobäi.
Déi Lëtzebuerger Co-Produktioun “Cosmos within us” realiséiert vum Tupac Martir ass eng VR Experienz a Live-Performance bei där een net nëmmen héiert a gesäit, ma och richen, schmaachen a spiere kann. D’Geschicht léisst een an d’Gedankewelt vun engem Alzheimerkranken andauchen, deen duerch verschidden Etappe vu senger Vergaangenheet wandert.
De Projet “Forest Lounge” vum Benigno Perez, dee fir den Ëmweltministère realiséiert gouf, transportéiert de Visiteur an de Mëllerdall. An dëser interaktiver Welt am 360-Grad-Format erlieft een déi véier Joreszäiten am Bësch; an dat mat deene verschiddensten Téin, Liichtstëmmungen, Faarwen a Museken.
D’Installatioun “Algorithmic Perfurmery” befaasst sech net mat enger virtueller Realitéit, ma mat der kënschtlecher Intelligenz.
“Cosmos within us” ass bis den 9. Mäerz am Neimënster ze erliewen, déi aner 16 Wierker kann ee bis de 15. Mäerz entdecken.