“Bonsoir Luxembourg...Willkommen in the Vodoo Lounge”. Mat dëse Wieder huet de Mick Jagger viru genee 30 Joer, um Owend vum 27. August 1995, de Lëtzebuerger Public begréisst.
62.000 begeeschtert Spectateuren haten deemools de Wee op de Kierchbierg fonnt, fir de Concert, deen d’Rolling Stones am Kader vun hirer Vodoo-Lounge-Tour op der Wiss nieft dem haitegen RTL-Siège gespillt hunn. Et ass dee bis haut gréisste Concert, deen eng Band jeemools am Grand-Duché gespillt huet.
An d’Fans sollten dann och uerdentlech op hir Käschte kommen. 21 Lidder an eng Zugabe hunn d’Stones deemools gespillt. Vun den Hits (I Can’t Get No) Satisfaction, iwwer d’Ballad Angie, bis hin Start Me Up a Sympathy for the Devil war quasi all bekannte Song mat dobäi. Deementspriechend begeeschtert war de Lëtzebuerger Public dann och deemools.
Dass e Concert vun dëser Envergure zu Lëtzebuerg stattfonnt huet, ass ëm esou méi erstaunlech, wann ee bedenkt, dass de Grand-Duché deemools guer net als Statioun op der Vodoo-Lounge-Tour virgesi war. Eigentlech sollten d’Rolling Stones de 27. August 1995 nämlech zu Athen spillen, ma dee Concert gouf ofgesot.
Lëtzebuerg war 1995 d’Europäesch Kulturhaaptstad an de Coordinateur vun der Kulturhaaptstad, de Claude Frisoni, huet an der Annulatioun vum Concert an der griichescher Haaptstad déi grouss Chance fir d’Lëtzebuerg gesinn. Hien huet Kontakt mam Management vun der Band opgeholl a krut den Accord fir e Concert zu Lëtzebuerg, dat awer ënner zwou Konditiounen: Et misst ee Recette vun op d’mannst enger Millioun Dollar kënne garantéieren an eng Plaz zur Verfügung stellen, déi grouss genuch wier.
D’Ekipp vum Claude Frisoni huet den deemolege Wirtschaftsminister Robert Goebbels kontaktéiert a krut direkt den Accord, fir e Concert vu Mick Jagger a Co zu Lëtzebuerg ze organiséieren.
Eng weider organisatoresch Erausfuerderung gouf et awer och nom Accord vum Accord vum Minister ze meeschteren. De Frontmann vun de Stones, de Mick Jagger wollt nämlech en Treffe mam deemolege Grand-Duc oder sengem Bouf, dem deemolegen Ierfgroussherzog Henri hunn. Dëse war zu där Zäit an Éisträich an ass extra fir d’Treffe mam Rockstar zeréck op Lëtzebuerg komm.
An och fir e bësse Sight seeing hat de Mick Jagger deemools nach Zäit fonnt. Zesumme mat sengem Bouf huet hien d’Veianer Schlass besicht. D’Biller vun deenen zwee op der Seelbunn si bis haut onvergiess.