Grouss Retrospektiv am MudamD'Wierk vun der New Yorker Kënschtlerin Eleanor Antin

Patricia Baum
Eng éischte Kéier gëtt eng grouss ugeluechte Retrospektiv vun der US-Kënschtlerin an Europa gewisen.

Déi amerikanesch Kënschtlerin Eleanor Antin zielt zu de Pionéierinne vun der konzeptueller a feministescher Konscht. Ob Identitéit, Duerstellung oder Muecht – vill vun hiren Theme sinn haut genee sou relevant, wéi zu där Zäit, an där se entstane sinn, nämlech tëscht 1965 an 2017. D’Ausstellung am Mudam ass déi éischt grouss ugeluechte Retrospektiv vun der Kënschtlerin a 25 Joer. An et ass och déi alleréischt an Europa. Op zwou Etage presentéiert de Musée eng ganz Partie vun hire wichtegste Wierker.


Back to Top
CIM LOGO