De Judd, e fréiere Boxer, dee seng Roserei net ëmmer am Grëff huet a sech als jonke Paschtouer rekonvertéiert huet, gëtt vum Klerus als Strof domat beoptraagt, fir de Monsignor Jefferson Wicks z’iwwerwaachen. De Wicks ass e charismateschen, awer kontroverséierte reliéise Leader, dee seng Gemeng radikaliséiert huet. Knapp ukomm gëtt de Judd Zeie vun engem mysteriéise Mord matten an der Kierch. E Mord, deen nëmme ka vum atheistesche Privatdetektiv Benoit Blanc geléist ginn.
Mam Wake Up Dead Man mécht de Rian Johnson säi perséinlechste Film aus der Knives Out Franchise. Hien, dee ganz reliéis opgewuess ass an duerno säi Glawe verluer huet, setzt de Glawen an d’Relioun an den Zentrum vun der Geschicht. De Film ass do duerch méi wéi nëmmen eng Kriminalgeschicht. Et ass eng oppe Kritik vun aktuellen Zäitgeescht. Den Johnson affirméiert ëmmer nees, datt Geschichten ze vill Muecht hunn, fir se deenen z‘iwwerloossen, déi Angscht an Ignoranz verbreeden.
Deemno ass Wake Up Dead Man e wuel ënnerhalenden a spannende Krimi ma virun allem en engagéierte Film, deen ni simplistesch ass. Falsch Piste reie sech hei uneneen a gi rhythméiert vun engem schaarfen Humor, dee vun enger gotescher Atmosphär ënnermoolt gëtt. De Josh O’Connor iwwerzeegt an der Roll vum jonke Paschtouer a féiert e renomméierte Casting un an deem ënnert anerem de Josh Brolin, Glenn Close oder de Jeremy Renner nieft dem Daniel Craig optrieden.