Deal mat Bowie-IewenWarner Chappell Music keeft Rechter un alle Bowie-Lidder fir 220 Milliounen Euro

RTL Lëtzebuerg
Den US-Musek-Editeur huet déi weltwäit Rechter fir dat ganzt Wierk vum 2016 gestuerwene Sänger a Komponist kaf.

D’Verhandlunge lafen am Hannergrond scho méi laang. Um Méindeg hate Warner Chappell Music an d’Iewe vum David Bowie ee Schreiwes erausginn mam Resultat.

Offiziell gouf keng Zomm genannt. “Variety” huet Quellen, déi vun 250 Milliounen Dollar (eng 220 Milliounen Euro) ausginn.

Den Deal geet iwwer all Lidder vum Bowie, also och Material fir Soundtracks an natierlech de Bandprojet Tin Machine, an anere Wierder Honnerte vu Stécker wéi “Space Oddity”, “Changes”, “Let’s Dance”, “Ziggy Stardust”, “Starman”, “Heroes” oder “Fame”.

Back to Top
CIM LOGO