
"Brandbau Sessions" heescht eng Kultur-Location zu Woltz, déi an enger aler Brauerei ënnerbruecht ass. Zënter leschtem Joer organiséiert "Prabbeli.lu" hei en intressante Programm mat Musek, Theater, Kino fir Grouss a Kleng.
Déi nei Saison gëtt e Samschdeg 2. Februar lancéiert mat engem Concert vum Georges Goerens alias "Bartleby delicate". De Lëtzebuerger Museker huet Enn vun leschte Joer den Start-up Award op de Luxembourg Music Awards iwwerreecht kritt. Mat senger doucer Stëmm, senger Gitarr an Synthesizeren ënnersträicht hie seng Gedichter mat zaarte Melodien.
De selwechten Owend 2.2.2019 spillt dann och den hollännesche Singer an Songwriter "Banner", deen 2017 säin Debütalbum erausbruecht huet an zënterhier schonn iwwer 60 Concerten an Holland an an Däitschland gespillt huet.
Fir den Ofschloss vun der Ausstellung „Confrontations“ an der Villa Vauban gëtt et e spezielle Programm. E Concert ass geplangt mam Pol Belardi, Jerome Klein an Pierre Cocq-Amann. Do niewent gi Visitten op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch ugebueden an zwee Atelieren fir Kanner vu 6 Joer un.

D'Ausstellung Confrontations stoung ënnert dem Motto "un Musée pour tous", also Konscht accessibel maachen fir jiddereen.
Am Kader vun der Produktioun "Breaking The Waves" am Groussen Theater ass och en anert Stéck entstanen mam Titel „Voir la feuille a l'envers“.
En interdisziplinäert Stéck ënnert der Regie vum Renelde Pierlot, wou net nëmme Schauspiller mat dobäi sinn, mä och Dänzer a Sänger. Am Stéck geet et ëm d'Thema "Sexualitéit".
Wat un dësem Stéck sécherlech speziell ass, dat ass datt et sech net op der Bühn ofspillt, mä an de Logen vum Kapuzinertheater. De Publikum ass dann och dauernd a Beweegung an gëtt vu Loge zu Loge geleet. Also eemol eng aner Aart vun Theater, wou een e bësse méi aktiv dobäi ass.
D'Première ass den 3.2., weider Virstellungen den 8. & 9. Februar.

D'Renelde Pierlot ass den nächsten Donneschdeg och d'Invitée am Gespréich um Radio tëscht 12 an 1.
Kostüm an Dekor si vum Peggy Würth. An der Artbox si Prouwebiller ze gesinn.
En Dënschdeg, 5. Februar ass zu Miersch am Literaturzenter eng Liesung vum Yorick Schmit aus sengem Buch "Der Geruch der Erde nach dem Regen", doranner skizzéiert den Auteur d’Liewe vun Aussesäiter an Zeréckgeloossenen, déi versichen erëm op d’Been ze kommen.

Begleet gëtt hie vum Remo Cavallini op der Gitarr.

Liesung "Blues meets literature"
An der Galerie Nosbaum Reding ass de Moment eng Expo mat Wierker vun der Lëtzebuergescher Kënschtlerin Tina Gillen. Zäitgläich kann een och eng Aarbecht vun hir an der aktueller Expo vun der Kollektioun am Mudam gesinn.
Zënter den 1990er Joren ass d'Tina Gillen mat hirem Stil bekannt, engem Genre tëscht Abstraktioun a Figuratioun. "Windways" an der Galerie Nosbaum Reding beschäftegt sech mat Naturphänomener, déi vum Mënsch net ze kontrolléiere sinn.

D'Expo leeft nach bis den 3. Mäerz