Kultur Last minuteWat een déi nächst Deeg net verpasse soll

RTL Lëtzebuerg
"Festival de l'humour pour la paix" an der Abtei Neimënster, Expo am H20 zu Déifferdeng, den däitsche Bestseller-Auteur Sebastian Fitzek am Athénée.
Amou Tati
Amou Tati
© DR

Festival de l'humour pour la paix an der Abtei Neimënster

An der Abtei Neimënster fänkt e Sonndeg déi 13. Editioun vum "Festival de l'humour pour la paix" un. Entstanen war de Festival als Hommage un den Walid Hassan entstanen, irakeschen Humorist, deen 2006 ëmbruecht ginn ass. Humoristen aus verschiddene Länner huelen och dëst Joer déi grouss a manner grouss Themen aus der Aktualitéit oder dem deeglechen Zesummeliewen ënnert d'Lupp.
Den éischten Optrëtt ass dee vun der Dänin Sofie Hagen, déi zu London lieft, an vrun allem d'Theme Depressioun, Angscht, Trauma an Obesitéit op hir humoristesch Manéier verschafft. Si huet grousse Succès an de Medien an huet 2013 de prestigiéisen Präis "Laughing horse" gewonnen. S

Déi aner Rendezvousen:
18.3. Anny Hartmann (D): NoLobby is perfect
19.3. Jean-François Derec (F): le jour où j'ai appris que j'étais juif
20.3. Jemp Schuster/Michèle Turpel (L): Autopsy
22.3. Nuit blanche de l'humour noir: Amou Tati (F) La Dame de fer

De Jemp Schuster an d'Michèle Turpel hunn an der Weekendronn iwwer "Autopsy" geschwat.

09/03/2019 "Autopsy"

Expo Goetz/Hoffmann/Prussen/Reusch am H2O

Den Espace ass d'Thema, dat déi véier Kënschtlerinnen Corinne Goetz, Florence Hoffmann, Lis Prussen a Sylvie Reusch an hirer gemeinsamer Ausstellung upaken. Den Espace vum H20 zu Déifferdeng bitt mat den däischtere Maueren dobäi dee richtegen Entourage fir déi verschidden Aspekter an déi perséinlech Handschrëften vun de Kënschtlerinnen ze weisen.

© Emile Mentz

Den Titel vun der Expo - [ fɔː tuː wʌn ] - ass eng phonetesch Transkriptioun vun dräi englesche Wierder, déi mat de Kënschtlerinnen an dem Lieu vun der Expo ze dinn hunn. Um Visiteur ass et fir dat erauszefannen.

D'Ausstellung dauert nach bis den 31. Mäerz am H20 zu Déifferdeng.

Expo am H2O zu Uewerkuer (6.3.19)Fotoen vum Emile Mentz vum Vernissage op Äschermëttwoch.

Sebastian Fitzek zu Lëtzebuerg

De Sebastian Fitzek huet mat senge Thriller schonn eng Rei Präisser kritt. Hien ass ausgebilte Journalist an huet och beim däitsche RadioSender RTL104.6 zu Berlin geschafft. 2006 koum mat "Die Therapie" säin éischte Krimi eraus.

En Dënschdeg 12. Mäerz kënnt hien op Lëtzebuerg. Am Dag ass hie schonn am Kolléisch an ënnerhalt sech mat de Schüler.

Owes um hallwer 8 liest hien am Athénée aus sengem Roman "Der Insasse".

Homepage vum Auteur

Wou et Tix ginn

Back to Top
CIM LOGO