
De Weekend bitt e puer intressant Méiglechkeeten, fir e kulturellen Ament ze genéissen.
Beim Multiplica Festival geet et drëm, d'Facettë vun der digitaler Konscht ze entdecken. Digital Konscht heescht an deem Fall alles, wat mat Technologie ze dinn huet. Dat kann a Form vu virtueller Realitéit sinn oder Luuchtespektakelen, Videomapping a villes méi. D'digital Konscht ass e grousse Begrëff, deen ee kann a verschidde Kategorien ënnerdeelen. De Coordinateur vu Multiplica, Yves Conrardy erkläert.
Iwwert de ganze Weekend kann een sech hei déi ganz Diversitéit vun der digitaler Konscht ukucke goen.
Den Edsun ass hei zu Lëtzebuerg zimlech eenzegaarteg a sengem Genre. De jonken R'n'b-Museker huet och eng immens Bühnepräsenz a bréngt niewent der Musek och Danz mat.
Am Dezember gouf hie mat zwee Music Awards ausgezeechent an ass an der Tëschenzäit ganz vill am Ausland fir Concerten.
E Samschdeg, den 2. Mäerz huet een eng vun de rare Méiglechkeeten, en emol nees eemol zu Lëtzebuerg ze gesinn, an zwar zu Wolz am Brandbau.
D'Expo kléngt wéi e Cocktail a gemixt ginn hei d'Wierker vun zwee Lëtzebuerger Kënschtler: dem Dani Neumann an dem Franck Miltgen. D'Expo gouf vun engem drëtte jonke Kënschtler scenographéiert: dem Yann Annicchiarico.

D'Expo dauert bis den 31. Mäerz.

Parallel kann ee sech awer och an der Galerie Nobaum-Reding d'Ausstellung "La moitée des yeux" vum Yann Annicchiarico ukucken. De jonken Artist probéiert, seng zeenesch Duerstellunge wéi Architektur ausgesinn ze loossen a gräift dobäi op verschidden Accessoiren zeréck.

Dëst Wierk weist d'Galerie Nosbaum-Reding och op der Art Cologne vum 11. bis den 14. Abrëll.

E Mäerchen aus Danz, Poppespill an 3D-Video fir e jonke Publikum presentéiert den Escher Theater dëse Weekend. Et geet ëm e Gardien an engem Musée, deen entschléift an a sengem Dram op eemol mat véier Skulpturen danzt.

D'Produktioun aus Frankräich ass e Samschdeg, 2. Mäerz um 16 an e Sonndeg, 3. Mäerz um 11 Auer ze gesinn.
Et ass schonn eng Traditioun, datt den OPL ënnert der Direktioun vum Carl Davis live Musek bei engem Stommfilm spillen. Déi Kéier geet et ëm „The Student Prince in Old Heidelberg“ vum Ernst Lubitsch aus dem Joer 1927. E Film, deen eigentlech a senger Zäit kee grousse Succès hat, well den Erfolleg vun de Stommfilmer dee Moment scho sou gutt wéi eriwwer war.

Vun der Thematik hier ass de Film awer reizvoll fir e musikalesch ze begleeden. Et geet ëm e Student, deen awer och e Prënz ass. Doduerch schwankt d'Musek tëschent Studenteliewen an kinneklecher Flicht, an ass mat vill Spannungsmomenter verbonnen.
Ze gesinn e Freideg, 1. Mäerz an e Samschdeg, 2. Mäerz um 20 Auer.
E Samschdeg ass och nach Live Cinema fir déi ganz Famill um 15 Auer mat "The Circus" vum Charly Chaplin.