Grouss Evenementer zu LëtzebuergWat erwaart eis 2026?

Nicky Soisson
Nodeems mir eis vun de Feierdeeg ronderëm Chrëschtdag an dem neie Joer erholl hunn, starte mir voller Elan an en neit Joer. A fir dass mir kee vun de grousse Rendez-vouse vum Joer verpassen, gëtt et elo hei direkt e klengen Iwwerbléck vun deem, wat eis sou a punkto Evenementer erwaart.
© www.pixabay.com

An do ass et den 28. Februar déi 5. Editioun vum FEST, dem Festival of English Language School Theatre an de Rotondes. Hei erwaart iech eng grouss Villfalt vun diversen Theaterstécker bei deene jonk, talentéiert Schüler hiert Kënnen ënner Beweis stelle wäerten.

Eriwwer da bei déi 43. Editioun vum Festival des Migrations, des cultures et de la citoyenneté an der Luxexpo, dat den 21. an 22. Mäerz. Ënnert dem Motto “des Possibles” erwaarden eis hei op en Neits Konferenzen, Tables rondes, Atelieren an awer och Kulturelles a Kulinaresches aus verschidde Länner.

De Virowend vun Nationalfeierdag fält dann och d’nächst Joer, wéi sollt et och anescht sinn, op den 22. Juni 2026 an an deem Kader stinn dann och nees eng helle Wull u Festivitéiten am ganze Land um Programm.

Ëm déi selwecht Zäit, méi oder wéineger, wäert dann och de Festival de Wiltz an eng weider Ronn goen, dat wéi gewinnt mat engem gutt gefëllte Programm am Juni an am Juli. Zanter 1953 scho steet hei souwuel Konscht a Musek am Vierdergrond. Stare wéi Morcheeba, Ella Fitzgerald a Miles Davis hunn an de leschte Jore schonn de Wee an déi schéi Stad am Norde fonnt.

Wéi all Joer ass et och 2026 nees den 2. Weekend am August, also vum 7. bis den 9. August, deen ee sech sollt rout am Kalenner usträichen, wann ee Loscht op Musek a gutt Stëmmung huet. Well da wäert souwuel den E-lake zu Iechternach wéi och de Picadilly zu Stadbriedemes op en Neits eng jett Leit unzéien.

A wat wier e Summer ouni eis traditionell Schueberfouer? Vum 21- August bis den 9. September verwandelt sech de Glacis nees an eng riseg Kiermes bei där fir jiddereen eppes dobäi ass.

Vum 8. bis den 11. Oktober dréit sech an der Luxexpo nees alles ëm d’Bauen a Wunnen. Dat am Kader vun der Home Expo. Hei erwaarden Iech op en neits eng ganz Rei Experten aus Lëtzebuerg an aus der Groussregioun fir Iech déi neist Entwécklungen an Trends am Beräich vum Wunnen ze presentéieren.

En decke Mount dono steet dann e weidere wichtege Rendez-vous an der Luxexpo um Programm. Vum 21. bis de 25. November ass et no 4 Joer eng weider Editioun vun der Expo Gast an dem RAK Culinary World Cup, dem gastronomesche Rendez-vous fir all d’Frënn vu guddem Iessen.

Back to Top
CIM LOGO