Vun der Serie “Gute Zeiten, schlechte Zeiten”, iwwer d’Romantik-Filmer vum Rosamunde Pilcher, d’Inga Lindström, Traumschiff, die Bergretter. Eigentlech sollt den Tommy Schlesser awer Jurist ginn, wéi säi Papp a säi Bop virun him.
“Et war mir e bëssen ze fad. [...] Ech hu mech net dofir interesséiert. Net genuch op alle Fall fir et fäerdeg ze maachen. An dunn hunn ech no 2 Joer opgehalen.”
Béid Elteren haten awer Verständnis fir seng Decisioun an et huet kee versicht, him Steng an de Wee ze leeën. Fir den Acteur war säi Papp ëmmer e grousst Virbild, hie wollt him noäiferen. “Et war awer ëmmer esou, dass ech mäi Papp op engem Podium gesinn hunn. An ech wollt säi Wee maachen. An hautdesdaags seet hien awer och selwer, Gott sei Dank hues de däin eegene Wee gemaach.”
Nom ofgebrachenen Droit-Studium sollt hien eigentlech op Köln an d’Film Acting School goen, mee du gouf hien och fir d’RTL-Serie “Comeback” engagéiert.
Scho mat 6 Joer huet de jonken Tommy Schlesser ugefaange mat der Schauspillerei. Dat duerch säi Brudder, den Émile V. Schlesser, deen haut och Produzent a Regisseur ass. Hire Papp ass iwwregens den Émile IV.
“Mäi Brudder huet onbedéngt wëllen e Film dréinen an der grousser Vakanz. Dunn hu mer d’Kamera vu mengem Papp geholl an einfach drop lass gefilmt.”
Wat déi zwee Schlesser-Bouwe méi grouss gi sinn, wat d’Filmer méi elaboréiert waren a wat och ëmmer méi Kanner aus der Cité mat agebonne goufen.
“Ech hunn awer bal ëmmer nëmme Béiser gespillt. Well mir ëmmer nëmme Krimie gemaach hunn oder Action-Filmer. Oder mir hu gemengt, et wieren Action-Filmer. A mat Ufank 20 hunn mer dunn wierklech Kuerzfilmer gedréint, déi deels Succès haten op klenge Festivaller. An dunn hat ech Blutt geleckt. An dat war och déi nämmlecht Zäit, wou ech net méi sécher war mam Droit.”
Eng vun de gréisste Kandheetserënnerunge vum Tommy Schlesser ass seng Leidenschaft fir d’Musek vum Michael Jackson, déi hien erop an erof gelauschtert huet. Hien ass op all Familljefest opgetrueden als Michael Jackson, huet de Moon-Walk gemaach an ass souguer op Mini-Playback-Showen domadder opgetrueden.
Den Tommy Schlesser ass virop an däitsche Produktiounen aktiv, well hien dat esou wollt. D’Gaaschtroll bei GZSZ war engem Zoufall ze verdanken. D’nämmlecht wéi fir seng éischt Roll bei Rosamunde Pilcher. Hien hat duerch d’RTL-Serie “Zëmmer ze verlounen” am Februar 2018 de Marco Serafini kennegeléiert an duerch dee krut hien am Juni 2018 dunn d’Méiglechkeet, virun der Kamera ze stoen an England.
“An ech sinn dem Marco wierklech dankbar bis haut, dass hie mech do dem ZDF proposéiert huet, well et brauch een ee wéi hien. [...] De ganze Milieu, déi ganz Branche, dat huet esou vill mat Chance ze dinn. Connections. A virun allem Gléck. A Leit, déi engem Guddes wëllen, well soss ass et wierklech schwiereg.”
De Schauspiller krut also keng aner däitsch Roll duerch GZSZ, mee duerch “Zëmmer ze verlounen”. A vun do u goung et weider. Mee et muss ee liwweren an den Tommy Schlesser ass e Perfektionist. Bei all Roll géing hien ëmmer eppes gesinn, wat hien nach besser maache kéint, sou den Acteur.
Wat hie sech géing wënschen, wier fir kënnen d’Haaptroll an enger Serie op Netflix ze spillen am Genre vu “Lupin”. Oder fir e richteg flotte Chrëschtdagsfilm ze dréinen, eng gutt “RomCom” [Romantic Comedy, ndlr], einfach ee Film wou ee sech duerno gutt fillt, wann ee gekuckt huet. Dat gëtt et net méi sou dacks, erkläert den Tommy Schlesser.
Wat war dem Tommy Schlesser seng Liblingsroll?
Wat war den schwéiersten Dréi?
A wéi gesäit de Schauspiller seng berufflech Zukunft?
Eis lescht Episod Gepëspers um Späicher. Den Owend um 19 Auer op der Tëlee an natierlech allzäit op RTL Play oder online op RTL.lu