Kultur Last MinuteWat soll een dëse Weekend net verpassen?

RTL Lëtzebuerg
"Rumpelstilzchen" zu Esch, "Hommage à la môme" zu Käerjeng, "Les femmes mon amour zu Ettelbréck" a "Brass" zu Maarnech.
Hei e puer Kulturtippe fir de Weekend.

"Rumpelstilzchen " zu Esch am Theater

De "Rumpelstilzchen" gëtt dëse Weekend zu Esch gespillt.
Den Auteur Ian de Toffoli huet eng nei Versioun geschriwwen an d'Myriam Muller huet d'Regie gefouert. Et ass op Lëtzebuergesch an eng 15 Leit sinn op der Bün, dat sinn Larisa Faber, Fabio Godinho, Elisabet Johannesdottir, Marco Lorenzini, deen de Rumpelstilzche spillt, och de Jean-Paul Maes, Raoul Schlechter, Pitt Simon a Brigitte Urhausen.

VIDEO: De Rumpelstilzchen
En aalt Mäerche ganz nei opgezunn: De Rumpelstilzchen an der Versioun vum Ian de Toffoli ass mat Sécherheet e Besuch wäert.

Gespillt gëtt e Samschdeg 5.1. an e Sonndeg 6.1.2019 all Kéier um 15 Auer.

"Hommage à la Môme" zu Käerjeng

De Jean Noesen huet e Spektakel iwwer d‘Liewe vun der Edith Piaf geschriwwen, mam Fokus op hir Sucht no Léift, Männer, Drogen an Alkohol. Et gi verschidde signifikativ Zeenen aus der Piaf hirem beweegte Liewe presentéiert; tëscht den Zeene gëtt jeeweils ee passend Lidd gesong. Et si 14 Lidder am Ganzen. D'Relatioun mat hire sëlleche Männer gëtt gewisen, vum Montand iwwer de Moustaki an den Aznavour, bis bei de Sarapo.
D'Veronique Kinnen spillt a sengt d'Edith Piaf

02/11/2018 La Môme Piaf

De Spektakel ''Hommage à la Môme'' geet och virun, elo de Sonnden 6. Januar zu Käerjeng am Treff, den 20. zu Péiteng am Home an de 26. a 27. Januar rëm zu Stengefort an der Aler Schmelz, sou wéi och deen 10. Februar 2019.

"Les femmes mon amour" zu Ettelbréck am CAPE

Déi grouss Opereliteratur kënnt an enger sprëtzeger Story op d'Bühn bruecht. Et geet ëm e Schrëftsteller, deen ëmmer op der Rees ass an ëmmer nees de Frae verfält.
E poetesche Lyrik-Concert mam Claudia Moulin, Soprano. Vladimir Kapshuk, Baryton. Grégory Moulin um Piano a mat Wierker vu Mozart, Puccini, Verdi, J. Strauss, Tchaïkovsky, Rachmaninov, Gershwin, Lehár, Leoncavallo, Fauré et Ravel.

Am CAPE zu Ettelbréck e Sonnden 6. Januar ëm 5 Auer.

"Brass" am Cube 521

11 fantastesch Solisten aus Berlin sinn zanter méi wéi 20 Joer berühmt-berüchtigt fir feinste Musek a witzege Slapstick. Dat geet vu Bach bis zu de Beatles a si suerge fir Musek mat Witz, Swing a Spass!

Am Cube 521 sinn de Sonnden 6.1.2019 ëm 6 Auer "Thomas Hoffmann und seine Brass Band Berlin".

Back to Top
CIM LOGO