Gelongenen OptaktWéi all Joer heescht et um zweete Weekend am August: et ass e-Lake!

RTL Lëtzebuerg
Et war aus alle Perspektiven e gelongenen Optakt fir den Iechternacher Festival e-Lake.

Gutt Wieder, e gemëschte Line-up, a virun allem: vill Stëmmung duerch déi vill Leit, déi de Wee op de Séi fonnt hunn.

Ugefaange mat enger klenger séisser Amuse-Bouche op der Sunset Stage mat “Waffle Killers”, “Mallows” an “The Cookies”, a ville méi, krut een den Haaptplat dunn ob der Mainstage. Vir grouss a kleng, fir Jonk a manner Jonk war hei eppes dobäi.

Rockeg Stëmmung vun “Das Lumpenpack”, Emo-Rap vu “Maz Univerze”, klasseschen Däitschrap vum “Eko Fresh” an den Ofschloss vum Urgesteen vun der däitscher Techno-Zeen: dem “Dr Motte”.

© Sven Benz

Wien elo ob de Goût komm ass, dee sollt e Samschdeg um Party-Dag op seng Käschte kommen. Lass geet et hei schonn um 15 Auer.

© Sven Benz

e-Lake 2025 - de komplette Programm
Sécher Feieren: De Service “Pipapo” bitt um e-Lake ënner anerem “Drug Checking” un

Back to Top
CIM LOGO