Um 18 Auer e Freideg ginn d'Diere vum e-Lake-Festival zu Iechternach op.

Wéi gewinnt, ass de Service "Pipapo" nees de ganze Weekend op der Plaz. Dëst Joer mat dräi Stänn. Een Info-Stand mat Informatiounen a Gadgete ronderëm d’Thema “sécher feieren”, engem mobillen Drug-Checking, wou d’Visiteure Substanze kënnen op hir Inhaltsstoffer teste loossen an zanter zejoert och dem "Lila-Point". Ëm wat et bei dësem geet, erkläert de Carlos Paulos, Direkter vu "Pipapo":

"Dat ass eise Lila-Point an Awareness-Team, déi op der Plaz sinn. Déi hunn eng dediéiert Plaz, also, déi ginn och iwwert de Site zu Ekippen a wann iergendeppes ass, e Verdacht op iergendeng Aggressioun oder Diskriminatioun, da kann ee sech do wennen, an da kritt ee weidergehollef."
 
Och wann de Verdacht op "Needle-Spiking" besteet, kënnen d’Visiteuren sech direkt un d’Equipe vum Lila-Point adresséieren.