Theater EschWéinst Covid-19: D'Virstellunge vun "En Escher Jong" annuléiert

RTL Lëtzebuerg
Am Mëttelpunkt steet d'Biographie vum Acteur René Deltgen, deen 1927 op Köln op d'Schauspillschoul geet an dono Karriär mécht.
Am Kader vun Esch 2022
Escher Theater invitéiert e Mëttwoch op d’Première vun “En Escher Jong”

21/02/2022 Reportage Radio " En Escher Jong” Theater Esch

Den Escher Theater presentéiert am Kader vun Esch 2022 d’Kreatioun “En Escher Jong”. Am Mëttelpunkt steet d’Biographie vum Acteur René Deltgen, deen 1927 op Köln op d’Schauspillschoul geet an dono Karriär mécht. Zu Lëtzebuerg gesäit een dat net ëmmer gär.

En Escher Jong op der Escher Theaterbün, dat kléngt nostalgesch, mä d’Relatioun war alles anescht wéi harmonesch tëscht dem René Deltgen a sengem Heemechtsland, 1940 wéi d’Nazien amarschéieren an den Deltgen a sougenannte Propaganda-Filmer derbäi ass.

De Regisseur an Intendant vum St-Pauli Theater Ulrich Waller hat d’Iddi fir dëst Biographie-Stéck, dat vum Frank Feitler an dem Kristof van Boven geschriwwe gouf. Hien inzenéiert et mat zwee Lëtzebuerger Acteuren, déi d’selwecht wéi den Deltgen an Däitschland schaffen, den André Jung an de Luc Feit.

En athleeteschen Acteur, eng markant Stëmm, en direkten Toun, en attraktive Mann, méi ass iwwer den zeréckhalende Mënsch René Deltgen net gewosst.

Seng Geschicht kann awer och haut nach ëmmer e Publikum uspriechen.

Eréischt an den 1960er Jore stoung de René Deltgen selwer op dëser Escher Bün. De Lëtzebuerger Publikum hat en nees opgeholl.

Ofgesot

D’Virstellungen um 25. a 27. Februar hu mussen ofgesot ginn, wéinst engem positive Fall am Ensembel.

Back to Top
CIM LOGO