

D’ASBL What Water huet sech als Zil gesat den Zougaang zu propperem Waasser op der Welt matzeënnerstëtzen, humanitär Hëllef unzebidden an d’Thema Nohaltegkeet weider ze propagéieren. D’Fonge sammelt d’ASBL iwwer de Wee vun der Konscht.
20 Kënschtler goufe gefrot fir hir Wierker ënnert dem Motto “What Water - One for All” auszestellen. Am ganze kann een eng 50 Wierker vun internationalen an nationale Kënschtler - dorënner ë.a. Jean-Marie Biwer, Philippe Lamesch, Alain Welter, Mike Zenari - an den nächsten Deeg am Carré Hollerech gesinn.

D’Ausstellung ass op all Dag vun 9 Auer bis 18 Auer.
Weider Detailler och fir Visites guidéeë kritt een iwwer info@whatwater.org.
Véier Weekender laang iwwer d’Joer verdeelt hunn d’Rotonden d’Biennale Multiplica organiséiert an domadder déi digital Gesellschaft probéiert ze entmystifizéieren, dat mat Konschtwierker, Workshops, Renconteren.

D’Digitaliséierung ass en Deel vun eisem Liewe ginn a jidderee kennt sech méi oder manner gutt domadder aus. Wie mat den Tools ëmgoe kann, kreéiert gesellschaflech oder kënschtlerech Objeten oder Eventer.

Kreativ digital Konschtwierker kann een beim leschte Weekend vun der Biennale e Freideg 3. a Samschdeg 4.12. entdecken. Um Programm stinn: Expo Antropocean, Konferenz a Workshop “Digital Grandparents” an Audiovisual Nights an eng Multiplica Closing Night.
Dem Jean Back säi Roman “L’arc de Marianna” a säin Theaterstéck “Bilder einer Ausstellung revisited” bidden d’Basis vun engem musikaleschen, theatraleschen a visuelle Spadséiergank.
Am Buch geet et ëm d’Geschicht vum Cosimo iwwer e puer Joerzéngten a säi Wee vun Italien op Lëtzebuerg.
D’Theatestéck baséiert op dem Mussorgsky sengem Piano-Zyklus “Bilder einer Ausstellung”, dee musikalesch 10 Wierker beschreift.

D’Ausstellung “What’s in your eyes?” gouf ënnert der Leedung vum Auteur an dem Joseph Tomassini vu Schüler a Schülerinnen aus dem Lycée des Arts et Métiers realiséiert.

De Spektakel ass den 2. 12. owes um 20 Auer am Kulturhaus Miersch. D’Ausstellung kann een do nach bis den 17. Dezember gesinn.