
D'Band "When 'Airy Met Fairy" gëtt et zënter 2014. Als Duo fonctionéieren d'Thorunn Egilsdottir an de Mike Koster vun 2018 un. "Blanket of Sorrow" heescht hiert neit Lidd, eng Kombinatioun aus subtiller Melodie a minimalistescher, awer geziilter instrumentaler Begleedung.
Passend zu der kaler Wanterzäit geet et an hirer Single ëm Chrëschtdag, eng Zäit, an där sech alles ëm d'Léift dréit. Et verbréngt een net just schéi Momenter mat der Famill, ma et gëtt ee sech och bewosst, dass bestëmmte Leit engem besonnesch zu dëser Joreszäit feelen. A genau dat Gefill vun Trauregkeet a Verlaange versichen d'Thorunn Egilsdottir an de Mike Koster an hirer Konscht duerzestellen.