Red Bridge ProjectWilliam Kentridge am Zentrum vu Kooperatioun tëscht 3 grousse Kulturhaiser

RTL Lëtzebuerg
2017 ass de Red Bridge Project déi éischte Kéier vun der Philharmonie, dem Mudam an dem Groussen Theater organiséiert ginn.
© Stella Olivier

Red Bridge Project / Reportage Patty Baum

E Projet, deen eng artistesch Bréck tëscht den 3 groussen Haiser baue soll. Nieft der scho chargéierter Programmatioun kënnt dann och dëst Joer de Red Bridge Project erëm, an dat mat engem weltbekannten Artist.

Dat bekannte Spréchwuert: “Zesummen ass ee méi staark” trëfft zu 100 Prozent op de Red Bridge Project zou. Wou d’Philharmonie, de Groussen Theater an de Mudam an hire Beräicher schonn eng staark Presenz am Land hunn, bréngt dëse Projet awer nach eng ganz nei Envergure mat sech. A fir déi verschidden Disziplinne vun der zäitgenëssescher Konscht, der Musek, an dem Spectacle Vivant mateneen ze verbannen, brauch et ee Kënschtler, dee genau déi verschidde Medien beherrscht.

D’Direktesch vum Mudam Suzanne Cotter huet de Kënschtler vum Red Bridge Project als de wichtegsten Artist vun eiser Zäit genannt. De William Kentridge - 1955 a Südafrika gebuer - wäert dann ab November dësem Joer seng Meeschterwierker an den 3 Haiser verbreeden.

De William Kentridge huet schonn op der ganzer Welt an de bedeitendste Muséeën ausgestallt an an de gréissten Theaterhaiser gespillt. Bekannt ginn ass hien awer duerch seng Animatiounsfilmer - déi hien mat Kuelenzeechnunge realiséiert. Fir de Kënschtler ass de Red Bridge Project awer och eppes ganz Besonnesches. Esou eng Kollegialitéit ënnert Kulturhaiser hätt hie seelen an der Welt gesinn. Ma awer och d’Raimlechkeete vun de Kulturinstitutiounen hunn hie begeeschtert.

Wéi e Kand dat an engem Spillbuttek seng Grenze muss gesat kréien, esou huet hie sech gefillt. D’Ambitioune vun alle Säite si grouss an d’Erfarungswäerter vun der leschter Editioun bestätegen, datt déi kollaborativ Aarbecht sech fir déi 3 Haiser lount.

E bëssen gedëllegen muss ee sech nach, bis datt de Red Bridge Project ufänkt, ma dofir dauert en dann awer eng ganz Saison vun November 2020 bis Juni 2021.

© Alfonso Salgueiro

Back to Top
CIM LOGO