
Word in Progress (Lu & De)
mam Joseph Kayser, Romain Butti an Diane Neises
D’Konzept vun de Word-in-Progress-Owender, kuerz WIP, kënnt aus Paräis a versprécht frësche Wand an der Zeen vun der lëtzebuergescher Liesebühn. En Auteur, verëffentlecht oder net, liest wärend 10 Minutten dem Publikum aus engem Wierk vir, wat grad an der Entstéing ass. Duerno gëtt zesummen Textkritik geüübt an de Schrëftsteller stellt sech de Froen aus dem Publikum.
Fir dee Schreiwende stellt dëst ee gudden Test duer, eng Kritik "avant la lettre", fir d’zukünftegt Lieserschaft eng méiglech Bestätegung, datt ee gudden Text net just an engem Elfebeentiermche räift, ma d’Resultat vun enger Konfrontatioun mam sozialen Ëmfeld ass.
En Dënschdeg 8. Januar 2019 um 20 Auer am Ratelach.
3 Shake-A-Leg Steps To Heaven
Ciné-club / Rétrospective Thierry van Werveke
E Film presentéiert vum Paul LEsch, Dierkter vum CNA a realiséiert vum Andy Bausch, zesumme mat Samsa Film.
LUX / DE / BE
1993
90min
Projection 35mm
VOST Français
Cast : Udo Kier, Desirée Nosbusch, Thierry Van Werveke, Richy Müller, Eddie Constantine
Synopsis : Access to heaven is quite expensive and if you happen to be poor, you should have a rich man as your friend...
E Mëttwoch 16. Januar 2019 um 20 Auer am Kinosch.