Iwwer 28 Etablissementer an der Uewerstad an am Garer Quartier huet hien Informatiounen a Fotoen zesummegedroen. A sengem Buch "Belle Epoque" beschreift hien, wéi et zum éischten Hotel koum, wéi een de prestigiéisten Hotel war a wou, wéi eng Clienten an de Joren tëscht 1907 an 1957 higaange sinn. Et analyséiert déi verschidde wirtschaftlech Aspekter a sozial Faktoren, déi d’Hoteller, Caféen a Restaurante wärend der Belle Epoque op d’Land haten.
Enthale sinn d’Geschichte ronderëm 13 Etablissementer an der Uewerstad:
1807 Hôtel de Luxembourg
1815 Kölner Hof
1824 Café Ennert de Steiler
1847 Grand Café
1869 Café de la Poste
1871 Grand Hotel Brasseur
1871 Hotel Continental
1871 An der Stuff
1878 Pôle Nord
1880 Casino Luxembourg
1902 Café Um Piquet
1957 Café Jentgen
1957 Hôtel Rix
an 13 op der Gare:
1864 Buffet de la Gare
1881 Café de la Station – E.M.S.
1893 Hôtel Kons
1894 Apollo-Theater – Casino de la Gare
1895 Hôtel Clesse
1904 Aux Mille Colonnes
1906 Hôtel Saar
1912 Hôtel Paris-Palace
1914 Hôtel Moderne
1928 Hôtel Carlton
1928 Hôtel Graas
1931 Hôtels Cécile et Régina
1932 Hôtel Alfa