FilmsecteurXavier Bettel: Keng Indicen, dass beim Filmfong gefuddelt gouf

Maxime Gillen
Deputéiert vun der Majoritéit an de Xavier Bettel hu sech en Dënschdeg bei enger Aktualitéitsstonn an der Chamber kollektiv virun de Filmsecteur gestallt.
VIDEO: Filmfong / Rep. Raphaëlle Dickes (10.12.19)
Keng Indicen, dass beim Filmfong gefuddelt gouf, sou de Xavier Bettel.

Schwaachstellen, déi et beim Filmfong effektiv géife ginn, wier een iwwerdeems schonn amgaangen ze behiewen, wéi den Audit géing weisen, deen de Premier selwer an Optrag ginn hat. Wat presuméiert Abusen ugeet vu Produktiounsfirmen, déi op Käschte vum Filmfong deier Autoen a Miwwel solle kaf hunn, domadder géing sech de Parquet elo befaassen. Dass d'CSV awer trotzdeem weider Froe gestallt huet, huet dem Premier dann och guer net geschmaacht.

Filmfong

D'Majoritéitsparteien hu sech hannert de Filmfong gestallt. D'Lydia Mutsch huet ënnerstrach, dass d'Gesetz virgeséich, dass all Joer e Reviseur d'Entreprise e Finanz-Rapport géing maachen, dëse misst vum Verwaltungsrot an der Regierung guttgeheescht ginn.

Ob elo express oder net, ass net kloer, ma d'Deputéiert vun der Majoritéit an d'Oppositioun hunn en Dënschdeg deels komplett laanschtenee geschwat. Den Ufank huet d'CSV gemaach mat enger ganzer Partie Froen zum Fonctionnement vum Filmfong. Dës ware wuel net nei, well se nach net beäntwert goufen. Wéi ginn d'Sue vum Fong verdeelt? Firwat ginn esou wéineg Suen un de Fong zeréckbezuelt? Hunn dës Subventiounen iwwerhaapt en Effekt op d'Wirtschaft? Froen, déi fir déi Gréng wuel e puer Mol ze dacks gestallt goufen, wéi d'Deputéiert Djuna Bernard erkläert.

Djuna Bernard:„D'Resultat vun dësem politeschem dach liicht iwwerstrapazéiertem Audit, wou et jo schonn domadder ugaange war, dass d'Oppositiounsdeputéiert méintlaang vum Minister eng Kopie vum Audit gefuerdert hunn, obwuel se scho bal e Joer laang an der Chamber an hirem Courrier leien haten. Dëst Resultat dierf elo kengesfalls dat sinn, dass e ganze Secteur diskreditéiert gëtt an och finanziell soll dorënner leiden, wéi vun der gréisster Oppositiounspartei gefuerdert."

De Premier hätt och keng Indicen dorop, dass an der Vergaangenheet beim Filmfong soll gefuddelt gi sinn. Alles, wat an der Lescht ëffentlech gi wier, hätt hien un de Parquet viruginn. An iwwerhaapt, de Filmfong wär op alle Fall net Schold.

Xavier Bettel: „Wann do sollt, wéi behaapt, an der Vergaangenheet mat falsche Rechnungen oder mat Bilanen hantéiert gi sinn, da wier de Filmfong mat Affer vum professionelle Bedruch. Ech wëll dat hei och soen."

Um Enn ass de Medieminister dann och nach e bëssen dramatesch ginn.

Xavier Bettel:„Et ass eng Success-Story hei am Land vun engem Secteur, deen net direkt e Succès war, dee lues a lues sech opgebaut huet, an deem mer, wa mer weiderfueren a probéieren duerch Generalverdacht alles futti ze maachen, nees bei null kënnen ufänken."

An do huet et dann och net méi gehollef, dass d'Deputéiert Marc Goergen a Felix Eischen erkläert hunn, et wéilt een dem Secteur dach iwwerhaapt näischt Béises.

Marc Goergen: „Mir wëllen dorop opmierksam maachen: Et geet net drëms, eng ganz Zeen ënner Generalverdacht ze stellen. Et geet awer drëms, fir déi Problemer, déi offensichtlech sinn, unzepaken a Léisungen ze sichen."

Felix Eischen:„Hei geet et net drëms, fir d'Kultur an d'Pan ze klaken. Guer net. Et geet och net drëms, fir de Filmsecteur an d'Pan ze klaken. Deen ass 1990 an d'Liewe geruff ginn, ënnert enger CSV-Regierung. Dee gréissten Hoff, dee gemaach ginn ass, war vun 12 op 13 an Dir wësst, wien deemools an der Regierung war."

Eenzege gemeinsamen Nenner vum Debat war, dass een elo wëll op de Rapport vun der Cour des Comptes waarden, déi sech de Fonctionnement vum Filmfong iwwert déi lescht zéng Joer soll ukucken, a kontrolléieren, ob do alles esou gelaf ass, wéi dat am Gesetz virgesinn ass.

Back to Top
CIM LOGO