D’Fotoexpo vum Krystyna Dul"You & I Are Earth"

Patricia Baum
Am "Centre d'art Dominique Lang zu Diddeleng kann een d'Ausstellung vun der polnescher Kënschtlerin gesinn.

Zënter 2010 lieft a schafft déi polnescher Fotografin Krystyna Dul hei zu Lëtzebuerg. An hirer Arbescht fokusséiert si sech op de Mënsch, op säi Kierper a virun allem op seng Emotiounen a säi Banneliewen. Dobäi observéiert si net just hir Matmënschen an hiert Ëmwelt, ma och sech selwer. “You & I Are Earth” , esou den Titel vun hirer aktueller Ausstellung am Centre d’art Dominique Lang zu Diddeleng.


Back to Top
CIM LOGO