50.000 Leit hunn d’Organisateuren 1969 fir de Woodstock-Festival erwaart. 400.000 sinn der awer komm.
De Festival war organisatoresch gesinn de rengste Chaos. Stau a blockéiert Stroossen, Helikoptere hunn d’Museker missen afléien loossen an de Reen huet hinnen ëmmer erëm e Stréch duerch d’Rechnung gemaach.
D’Organisateuren si mat engem Defizit vun 1,3 Milliounen US-Dollar heem gaangen. Trotz dem organisatoreschen a finanziellen Desaster war de Woodstock-Festival awer den Héichpunkt vun der Hippie-Beweegung a verkierpert bis haut e friddlecht an virun allem anert Amerika.
De Robert Hall lieft zënter iwwer 30 Joer hei zu Lëtzebuerg an huet als Proff op der International School geschafft, haut a senger Pensioun ass hien artistesch a musikalesch aktiv.
Hien hat deemools 20 Joer, wou hien op de Woodstock-Festival gaangen ass.
