Bei dëser 59. Biennale kann dann och erëm de Lëtzebuerger Pavillon entdeckt ginn, déi Kéier mat de Wierker vun der Molerin Tina Gillen. Et ass déi 2. Kéier, wou an der Salle d’Armi am Arsenale ausgestallt gëtt. En historesche Raum, dee fir d’Kënschtler all Kéiers erëm eng Erausfuerderung bedeit.
D’Tina Gillen huet hire Pavillon mam Titel “Faraway So Close” speziell der Salle d’Armi ugepasst. D’Molerin huet sech misse mat dësem historesche Lieu auserneesetzen, an huet fir déi éischte Kéier mat enger Zeenographie geschafft, a sou ganz divers Theemen ugeschwat.
16 Kënschtler hu bis elo Lëtzebuerg zu Venedeg op der Biennale representéiert. Nom Marco Godinho 2019 ass d’Tina Gillen déi 2. Kënschtlerin, déi am Arsenale ausstellt. Nach ëmmer ass een zefridden iwwert dëse Wiessel vun der Ca Del Duca an den historesche Site, wou Visiteurszuele virun allem dëst Joer no enger Covid-Paus um Rendez-vous sinn.
Och déi Lëtzebuergesch Associatioun “Les amis des musées” hunn de Wee op Venedeg fonnt a verbréngen direkt e puer Deeg mat der Kënschtlerin selwer.
Et ass dann déi éischte Kéier, wou Kënschtlerinne mat donkeler Hautfaarf de Lion d’or gewonnen hunn. D’Brittin Sonia Boyce fir eng Mufti Medial Installatioun, wou si Frae mat donkeler Haut eng Stëmm gëtt. Ma och d’Afroamerikanerin Simon Leigh gouf fir hir Aarbecht ausgezeechent, wou si den Ëmschwong vun der schwaarzer Communautéit thematiséiert.
Dem russesche Pavillon seng Diere bleiwen dann dëst Joer zou.
D’Biennale leeft nach bis Enn November, a méi iwwert der Tina Gillen hir Aarbecht gëtt een den 12. Juni an der nächster Artbox gewuer.
RTL News: De Lëtzebuerger Pavillon vu Kënschtlerin Tina Gillen
RTL News: Ouverture vum Lëtzebuerger Pavillon mat der Kulturministesch Sam Tanson