VIDEO: Villa LouvignyZréck zu de Wuerzele vum Gebai

RTL Lëtzebuerg
Wat geschitt elo mat der Villa Louvigny, dem fréiere Siège vun RTL an dem OPL?
Villa Louvigny
Wat geschitt elo mat der Villa Louvigny, dem fréiere Siège vun RTL an dem OPL?

Di traditiounsräich Villa matten am Stater Park, wou de Gesondheetsministeren haut ënnerbruecht ass, hätt jiddefalls nach eng aner, éischter kulturell orientéiert Zukunft, dat confirméiert d'Kulturministesch an enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro.

Zanter 2018 steet d'Villa Louvigny ënner Denkmalschutz an di zoustänneg Ministesch wëll d'Gebai mat neiem Liewe fëllen. D'Häerzstéck vum Gebai wier den Auditoire aus den 30er Joren, dee sech fir Musekopnamen a Concerte géif eegenen, esou d'Kulturministesch Sam Tanson.

Éier dat ganzt a Musek kann ëmgesat ginn, muss eng nei Plaz fir de Gesondheetsministère fonnt ginn. Um Site schaffen den Ament eng 300 Leit.

Villa Louvigny: Gesondheetsministère plënnert eraus, Concertssall kënnt eran

Back to Top
CIM LOGO