Kënschtler planzt Beem mat KannerZu Buerglënster hëlt ee Kënschtler sech als Missioun, de Kanner d'Natur méi no ze bréngen

Christophe Sauber
Ekipéiert mat Stiwwelen, Bullisboxen a waarme Mutze sinn d’Kanner vu Buerglënster motivéiert bei de Kënschtler Pascal Woestelandt komm.

Dat ass net déi richteg Tenue, fir Biller ze molen, dorëms ass et och net gaangen. D’Zil vun der Aktivitéit war et, de Kanner d’Natur méi no ze bréngen. Mat Hëllef vum Artist an der Associatioun Ôpen - maison citoyenne goufen am Ganzen dräi Beem geplanzt.

D’Wuerzele mat Buedem iwwerdecke bei esou engem groussen Koup, dofir muss direkt zu puer ugepaakt ginn. Mee ouni Nätze kann esou ee Bam och net wuessen. D’Planze goufen zwar op dem Kënschtler sengem Privatterrain geplanzt. D’Kanner këmmere sech awer drëms. Et wier wichteg, d’Kanner vu klengem u méi no un d’Natur ze kréien, well et un hinne wier ze kucken, dass d’Bëscher an d’Beem fir Zukunft erhale bleiwen, erkläert de Kënschtler.

Déi dräi Beem waren nëmmen den Ufank, d’Kanner solle mam Artist och nach Schosselen hierstellen, an deene Planze geséit ginn. Wann déi bis gewuess sinn, musse se ëmgeplanzt ginn. Dat klengt Geméis gëtt dann och an de Gaart vum Kënschtler niewent d’Beem gesat. Esou wäit ass et dann awer eréischt am Fréijoer, bis dohinner hunn d’Beem dann och scho villäicht hir éischt Bléien.

Back to Top
CIM LOGO