Dat geet aus enger Etüd vun der Uni vu San Diego ervir, déi all Joer déi 100 erfollegräichste Filmer analyséiert. A 40% vun de Kinohits huet deemno eng Fra d’Haaptroll gespillt. Dat ass den héchste Stand an de leschten 19 Joer.