An den USAZweet Zäitkapsel ënnert ëmstriddener "Robert E. Lee"-Statue fonnt

RTL Lëtzebuerg
Nodeems eng éischt Zäitkapsel méi Froen opgeworf huet, wéi se beäntwert huet, gouf elo eng zweet Këscht fonnt.
© Ryan M. Kelly / AFP

Eréischt virun e puer Deeg gouf eng méi wéi 130 Joer al Zäitkapsel ënnert der Statue vum ëmstriddene US-Generol Robert E. Lee an der Stad Richmond fonnt. An zäitgenësseschen Zeitungsartikelen aus dem Joer 1887 war den Inhalt vun der Këscht beschriwwe ginn.

© Ryan M. Kelly / AFP

Anescht wéi doduerch erwaart, waren an der Këscht allerdéngs weder Géigestänn aus dem amerikanesche Biergerkrich, nach eng Foto vum President Abraham Lincoln a sengem Sarg. Amplaz goufen dräi Bicher, eng aner Foto an eng Mënz fonnt. Méiglecherweis hat ee Bauaarbechter d’Objeten am Sockel vun der Statue agemauert.

Elo gouf nach eng zweet Zäitkapsel fonnt. D’Këscht aus Koffer ass scho geröntgt ginn a soll dem Gouverneur vu Virginia no den Dënschdegmëtteg opgemaach ginn. Éischt Indicë weisen dorops hin, datt et sech hei ëm déi “offiziell” Zäitkapsel handelt. “Se hu se fonnt!”, huet de Gouverneur Ralph Northam scho ganz optimistesch of Twitter matgedeelt.

D’Statue vum Generol Robert E. Lee op engem Päerd war 1890 zu Éiere vum “Konföderéierten” zu Richmond, Virginia - der fréierer Haaptstad vun de Südstaaten - opgebaut ginn. Am September gouf si no Anti-Rassissmus-Demonstratiounen nees ofgebaut. Déi konföderéiert Südstaaten hate sech am US-Biergerkrich jo ënnert anerem fir d’Bäibehale vun der Sklaverei agesat.

Back to Top
CIM LOGO